top of page

Wunnengsbau

 

Wuel kaum en Thema gouf méi vun de Regierungen an dene leschte 35 Joer, vernoléissegt. Et gouf zur
Chefsaach (Junker) an zur «absoluter Prioritéit» (Gambia) déclaréiert.
Et ass scho bal skurril ze gesinn datt GAMBIA der CSV an ëmgedréint ëmmer erëm de schwaarze Péiter
probéiert zou ze schousteren. FAKT ass datt zanter dem Wunnengsbau-Minister Fernand BODEN (CSV) an dëser Matière esou zimlech alles falsch gemaach gouf wat ee konnt falsch maachen !


Et gouf eng Demande déi duerch d’Bank zweemool méi grouss war wéi d’Offer. Et muss ee keen Doktorat an
der Ekonomie hunn (mol kee geklautenen) fir ze verstoen datt dat d‘Präisser scho per se mega an
d’Luucht dreift.
An dunn koumen eis genial Ministeren…. Amplaz den Invest a Mietwunnechten duerch privat Investisseuren ze fërderen, hu si a) d’tva vun 3 op 17 % gehuewen a

b) d’steierlech Ofsetzbarkeet (“amortissement fiscal accéléré”) wesentlech méi onattraktiv gemaach. Resultat? Loyere goungen erop!


Investisseure kafe keng Wunnechte fir ze verloune méi : dat bedeit nach manner Offer bei quasi selwechter
Demande, waat heescht: méi héich Loyere. A ville Länner vun der Welt get d’Investitioun a Mietwunnechten staatlech gefërdert. Vill Länner hunn e wesentlech bessere Programm wéi Lëtzebuerg : wisou
also sollte Leit, déi kosmopolitesch denken, éischter zu Lëtzebuerg investéiren? Et muss ee kee “globaliséierte
Kapitalist” si fir ëmzedenken…

​

ENREGISTREMENT EROFSETZEN

​

De Staat kasséiert bei all Immobilie-Verkaf iwwerproportional vill ! Wou zB an Holland 2 % Enregistrement beim Kaf vun der Wunnecht fälleg ginn, sinn et zu Lëtzebuerg 7 % ! (ouni de bëllegen Akt op en Deel vum Präis)
D´Politik ass wéi sou dacks um Holzwee ! Jo, mir sinn och fir de Bau vun erschwénglechem Mietwunnraum
duerch Staat, Para-Staat a Gemengen. Mee éierlech : packen déi dat alleng? A wéi eng Präisser musse si (also
mir als Steierzueler) bezuelen ?


Et ass absurd : kee baut méi séier, esou gutt an esou präiswert wéi de Privatsecteur ! Dat aus ideologeschen
Iwwerleeunge ze leegnen ass einfach topeg ! 
Mir btauche privat Investitiounen ! Wou leit d’Kromm nach an der Heck ?
- Eis Regierung prangert “Leerstänn” un. Firwat awer sti Wunnechten / Haiser eidel ? Ma ganz
einfach : de Propriétaire wëll seng Wunnecht fir eent vu senge Kanner an Enkelkanner halen:
well hien/sie muss e laangen an deiere Prozess féieren fir seng Wunnecht eidel ze kréien.


Nee !


Wann hien/sie awer sëcher wier datt säi Locataire muss op e bestëmmtenen Datum erausplënneren
(contrat à durée déterminée mat enger séierer Vollstreckung wann iwwert deen Datum occupéiert
get) géif hien/sie natiirlech verlounen ! Dat selwecht gëlt wann de Propriétaire wëll demnächst
verkafen : wien keeft schons fir Eegebedarf eng Wunnecht déi verlount ass?
Dat selwecht bei der Renovatioun vu Mietshaiser : 15 vu 16 Parteien si geplënnert an déi 16t blockéiert
d’Aarbechten : doduerch sti 15 Wunnechten eidel. Eng séier an onkomplizéiert Prozedur kéint hei hëllefen.
Bei Ierfschaften stinn dacks Wunnheiser/Appartementer eidel bis all Ierwen font goufen oder en Agrément krut :

och hei kéinte méi séier a méi einfach Prozeduren hëllefen.


Demnoo : Eier ee souzesoen «Leerstände«  besteiere wëll, soll ee mol iwwerlee wou déi Situatioun hierkënnt
an hei zivil Gesetzer a Prozeduren vereinfachen a verkierzen.
Anere Problem : wéi kann et sinn datt eng Koppel zB zanter Joren 1500 Euro Loyer bezillt, awer e Kredit fir
1350 Euro fir ze kafen ofgeleent kritt? Muss net hei eis Staatsbank hir sozial Roll erfëllen ? Eis Triple A Staats-
Bank gehéiert ëmmerhin eis, de Bierger…


PAP DAUERT ZE LAANG

​

PAP-Prozeduren dauere wirklech onwahrscheinlech laang a scheiteren un Topegkeeten. Amplaz vun enger
Scheier (ouni historesch Bedeitsamkeet) kéinten 3 Jumeleen an engem Duerf stoen … zanter 15 Joer.
Ass dat seriö?
D´Investisseuren an d’Promoteuren kréien d’Flemm : et gett manner gebaut bei gläicher Demande : wéi wëll dee
schwéierfällegen Staat datt opfänken?
Geet net…


JO, et kucken e puer Propriétairen iwwert d’Mooss op Bauland an do muss kräfteg besteiert ginn. Mee fir den
normale Propriétaire gëllt : Respekt virum Eegentum ! 
Mir begréissen déi ambitiéis Projete vum Staat mee mir
froen eis op dat duer geet ? Mussen net Grengfläche bei Stiet bebaubar gemaach ginn , wou och den normale
Bierger ka PROPRIETAIRE ginn amplaz Locataire. Jo : d’Méiglechkeet vu Verméigensopbau duerch
Immobiliebesëtz huet bis haut ville Leit gehollef a soll och muer nach méiglech sinn !
Mir begréissen datt et elo en nationale Register fir sozial Mietwunnechten get! Dat soll méi transparent maachen
wou de Besoin besteet an och wien dann elo prioritär ka ginn an esou eng Wunnecht kréien .
Mir verurteelen datt staatlech Verwaltungen, Gemengen, jo souguer d’Chamber WUNNRAUM fir Büroen
mëssbraucht.


Dat muss ophéieren. Idem datt Wunnraum vum Staat oder Gemengen mol eidel stoe bleiwt “en attendant” datt a ville Joren sech vläicht e Projet konkrétiséiert ! (Stad Lëtzebuerg – Neiduerf)
Wéi esou dacks sicht de Staat mol de Feeler bei Aneren éier e bei sech selwer kuckt…

Eng weider Iddi ass, datt Leit déi en Zëmmer oder eng Wunnecht u sozial schwaach Leit verlounen géifen, vun
der Steier op dee modeste Revenu dispenséiert gin. Och d’Co-locatiounen sinn zwar prinzipiell méiglech mee esou restriktive Reglementer ënnerzunn datt si wuel nët wäerte vill änneren.


All dat ass traureg a kéint mat wéineg Opwand a
Richtung méi Fräiheet verbessert ginn…

Besprechung am Bau
bottom of page