top of page

Schoul, Educatioun, Sprooch - Kultur

Et sot emol eng Ministesch wat Schoul ugeet “back to basics”. Leider huet si dat net gemaach an hire liberale
Nofollger nach manner. A Granit gemeesselt steet fir eis : et ka keng Chancegläichheet gi fir ALL Kand , egal aus wéi engem soziale Milieu, egal aus wéi engem Land, wa mir net eng absolut héischwäerteg ëffentlech Schoul ubidden.


Fréier war ee mat enger lëtzebuerger ‚Première Classique’ an all Universitéit am Ausland gutt ugesinn :
dat hu successiv Ministere zanter dem Fernand BODEN (inklusiv) futti gemaach : vu “Kompensatiounen”
iwwert “Equivalenzen” bis hinn zu eppes wat een haut “le bac pour tous” nenne kann : eng Katastropf fir eis Kanner !


Amplaz déi “Gläichmaacherei” wäerte mir eis asetze fir eng Valorisatioun vun ALL Ausbildung ! Mir brauche
gutt ausgebilte Leit um Bau, am Handwierk, an de Büroen, de Comptabilitéiten, der Informatik, der Compliance”, mir brauche Journalisten, Schrëftsteller a souguer Politiker, mir brauchen Akademiker an alle Beräicher, Leit déi Firme grënnen a féieren !

Mir brauche JIDDEREEN a JIDDEREEN ass wichteg ! Mir brauche keen ‘EINTOPF’ mee gutt ausgebilte Leit an allen Domainen, jee no Talent, no perséinlecher Firléift, no LOSCHT ( jo : LOSCHT : mir schaffe fir ze liewen , net ëmgedréint) Jidderee verdéngt Respekt fir dat wat e geléiert huet, wat e kann, wat e leescht.


OPTIMAL AUSBILDUNG FIR JIDDEREEN


Wa mir dee Grondprinzip uwenden, kënne mir ouni falsch Ideologie soen : jidderee soll déi optimal
Ausbildung kréien, déi hien/sie fir säi/hire Beruff, säi/hirt Liewen, seng/hir Zukunft brauch !
Dat ass eng vun de wéinege Kärkompetenze wou de Staat huet a wou en haut verseet !
En aanere Punkt ass de RESPEKT den haut feelt : et ka net sinn datt Léierpersonal sech Attacke vun Affekoten
ausgesat gesäit : et muss en onofhäengege nationale Schlichtungsgremium opgesat gi fir Problemer ze
léisen. D’Schoul huet op Gerichter näischt ze sichen !

Mir si géint d’Iddi vun enger «Zwangsintegratioun«  duerch eis Sprooch. Wie wëll soll se léiere kënnen. Nie
mussen !!

​

Weder a Crèchen nach Schoulen soll et obligatoresch ginn eis Sprooch ze léieren.
Mir bekennen eis ausdrécklech zu internationale Schoulen an internationale Curricula an ëffentleche Schoulen.
Mir stinn natiirlech zu eiser Sprooch a wëllen datt se am ëffentleche Raum vill méi benotzt gëtt ! Et ass eng
eenzeg Schan datt eise nationale Fussballstadion deen “nichtssagenden” a franséische Numm

“Stade de Luxembourg” dréit .
Dat weist d’Non-Kréativitéit an déi Non-Sensibilitéit vu gewësse Leit !

​

LËTZEBUERGER NIMM

​

Et soll selbstverstäendlech sinn datt all Strooss, all Plaz, all Institutioun, all Administratioun, all Kulturplaatz e
lëtzebuerger Numm dréit. “Cité de la Sécurité Sociale” ass zB. en onméiglechen Numm fir eng Plaz wou all staatlech Administratiounen fir sozial Sécherheet zesumme kommen.
Et ass traureg datt een dat iwerhaapt soe muss…
Par contre si mir awer och klipp a kloer fir d’Unerkennung vum Engleschen als zousätzlech 
offiziell Sprooch. Wa mir däitsch a franséisch unerkennen, dann dach och zumindest Englesch, déi Sprooch déi am allermeeschte vun de neie Bierger geschwat gëtt !

​

D´Kultur an d’Erhale vum historesche Patrimoine muss eng absolut Prioritéit sinn : nees eng vun den
Uraufgaben vum Staat déi besser kéinte gemeeschtert ginn !
Amplaz Prestige-Filmprojeten déi e Verméige kaschten, sollte mir lokal/regional/national Theateren, Museken, Muséeën, Ausstellungen, Denkmaler an historesch Baute fërderen !
Dat ass eng Integratiounspolitik (contrairement zur Cancel-Culture), mee och gutt fir eisen Tourismus !
E speziellt Uleies ass fir eis, d’Jugend nees verstäerkt un d’Liesen ze bréngen. Näischt kann dat ersetzen … 

​

CANCEL-CULTURE?

​

Dofir si mir och géint dat wat als «cancel-culture» bekannt ass : eis Geschicht ass eis Geschicht ! Mat allem Positivem an allem Negativen. Einfach Leit oder Perioden “auszeblenden” oder ze “sträichen” mëscht eis just méi domm !

De Winnetou huet eis an der Jugend begleet . Nimools hate mir (oder hu mir) d’Gefill gehat doduerch den
“Indianer” (amerikaneschen Urawunner) : am contraire ze diffaméieren: hie war an ass en Held fir eis !
Mir sollten nie däerfen d’Mënschheetsgeschicht ëmschreiwen oder “läschen” : alles wat mir hunn, sinn
an denken kënnt aus eiser Geschicht ! Sech kritesch mat der Geschicht ausenaner ze setzen ass richteg. Bicher oder Filmer ze verbidden ass de falsche Wee !


Déi ganz WOKE- Beweegung ass toxesch a geféierlech! Fräi Sprooch , fräi Diskussiounen, fräien Zougang zu
historesche Fakten, zu Bicher, zu Filmer ass iwwerliewenswichteg.
Dofir wëlle mir och keen obligatorescht “Gendern” oder eng Verherrlechung vun eenzelnen Orientatiounen :
jiddereen ass fräi dat ze soen, ze schreiwen, ze liesen, ze liewen wat e wëll. D’Grenz ass senge Matbierger dat net
opzezwéngen !!


Dat gëllt natiirlech speziell fir eis Kanner : kee Kand soll “Fréisexualiséierung” aus egal wat fir engem Motiv,
ausgesat ginn ! All ideologesch Stréimunge sollen aus de Schoulen eraus bleiwen !

Alle Hände rein
bottom of page