top of page

Europäesch Unioun, WHO an NATO

«Europa» ass als liberale Modell vu fräiem Persounen-, Wueren- a Kapitalverkéier en absolute Muss an eiser Zäit.
Leider hunn déi traditionell Parteien d’EU ëmgebaut (a si nach derbäi) zum zentralistesche, bürokratesche,
planwirtschaftleche Superstaat.


D’EU hëlt sech Themen un déi sie absolut näischt uginn (zB wollt eng gewësse lëtzebuerger Kommissärin en
eenheetlecht Zivilgesetz an der EU) an déi d’Souveränitéit vun den eenzelne Memberstaaten violéiert an aushielecht.
D’Ëmverdeelung vu Scholden tëscht Memberstaaten sollt genau esou wéineg en Zil vun Europa sinn.
Kuerz : d’EU wéi se haut besteet, total ondemokratesch gefouert, mat engem Risenappetit sech ëm alles këmmeren a
reglementéieren ze wëllen ass ganz einfach gescheitert.
Den Ausbau vun enger Wirtschafts-Unioun zu engem eenheetleche Staat war vun de Bierger vun Europa ni gewollt
a géif och ni bei engem Referendum eng Majoritéit kréien (wéi de Referendum zu de Maastricht-Verträg 2005 jo – mat
Ausnam vu Lëtzebuerg- androcksvoll bewisen huet).
Mir soe JO zu enger internationaler Zesummenaarbecht, jo zu enger Wirtschaftsunioun, mee NEE zu engem europäeschen Zentralstaat.

​

D’EU BRAUCH KEE PARLAMENT

D’EU wéi se haut besteet ass och net méi reforméierbar a muss opgeléist ginn, fir enger neier, demokratescher Unioun
tëscht souveräne Staaten Plaz ze maachen. Déi Unioun brauch och kee Parlament : dofir sinn déi national
Parlamenter do, mee just e puer Verwaltungen fir déi Zoustännegkeeten déi supra-national ausgefouert ginn :
Zoll, Wueren a Kapital-Verkéier, fräien Aarbechtsmaart asw, an dat ënnert der Kontroll vun de jeweilege Regierungen a
Parlamenter.
Dofir wäerte mir och 2024 bei den EUROPA-WALEN untrieden: net fir de System matzemaachen, mee fir Iddien anzebréngen an duerchzesetzen.
Och aner international Organisatioune sinn duerchaus ze kritiséieren.
Lëtzebuerg war ëmmer neutral. Datt eist Land trotzdem zweemol vun der däitscher Arméi besat ginn ass an deenen
zwee Weltkricher, huet derzou gefouert datt mir eis Neutralitéit opginn hunn a Member vun der NATO gi sinn.
Dat Nordatlantescht Bündnis huet sech dunn awer virun allem am kale Krich géint den “Ostblock” erfir gedoen.
Et ass warscheinlech och an deem Kontext datt eist Land an den achtzeger Joren duerch eng Serie vu Bommenattentater
getraff gouf.

​

NATO : NEIDEG ODER NET?

​

Nom Kollaps vum kommunistesche Block hätt eigentlech eng Diskussioun iwwert Sënn oder Onsënn vum Weiderbestoe
vun der NATO misse gefouert ginn.
Amplaz dovunner gouf monter an den Osten vun Europa era vergréissert, a mat der Opnam vun ëmmer weidere fréieren
Ostblockstaaten Russland massiv ënnert Drock gesat. Vill international renomméiert Spezialisten hunn ëmmer
erëm firun dësem Virgoe gewarnt, leider ëmsoss.


Haut représentéiert d’NATO wäit iwwer 50 % vun de Rüstungsausgaben vun der ganzer Welt. Länner wéi d’Schwäiz praktizéieren dogéint mat groussem Erfolleg zanter Joer an Dag eng Politik vun aussepolitescher Neutralitéit. Si gesäit heiranner de Garant fir hir Onofhängegkeet a schlussendlech och fir d’Sécherung vum
Fridden an Europa.
Dësem Prinzip no däerf en neutraalt Land sech net un engem Krich tëscht zwee anere Länner bedeelegt.
Et gëtt keng Parteiergräifung an och Sanktioune musse prinzipiell vun de Vereenten Natioune décidéiert ginn, net
vun enger anerer Organisatioun.

​

NOM SCHWÄIZER VIRBILD

​

Leider huet d’Schwäiz dëse Prinzip an der Fro vun de Sanktioune géint Russland violéiert, wat zu innepolitesche
Spannungen féiert.
Mir sinn der Meenung datt eng seriö Diskussioun muss gefouert ginn ob Lëtzebuerg nach Member vun der NATO
bleiwe soll oder net, an nees op seng fréier Positioun vun Neutralitéit nom Schwäizer Muster sollt zréck kommen.
Dat justifiéiert sech ëmsou méi datt Lëtzebuerg riseg Zommen an d’Rüstung stécht, virun allem op Drock vun der

 

NATO.


Eist Land gouf ënner Drock gesat, mir missten 2 % vun eisem PIB ( PIB, net Budget ) investéieren a Rüstungsausgaben : dat
wieren op Basis vun eisem PIB 2022 ëmmerhin 1,56 Milliarden EURO wat 7 (!) Prozent vun eisem Budget géif
duerstellen.
Amplaz onsënneg a geféierlech Militärausgabe géife mir dat Geld léiwer an d’Käraufgabe vum Staat investéieren :
Bekämpfung vun der Aarmut, Wunnéngsbau, Gesondheetssystem, Educatioun, Infrastruktur a bannescht Sëcherheet !

 

D’ROLL VUN DER WHO

​

E weidert Beispill wéi international Organisatioune mat der Zäit kënnen dégénéréieren ass d’WHO, d’Weltgesondheetsorganisatioun. Dës Organisatioun vun de Vereenten Natioune gëtt haut zu
80% vu private Geldgeber finanzéiert, déi och de Verwendungszweck bestëmme kënnen an domat aktiv Afloss
huelen op d’WHO. De gréisste Geldgeber ass d’Privatstëftung vum Bill a Melinda GATES. Et kann een also soen, de Bill Gates entscheed in fine wat gesond ass , wat krank mécht, wéi eng Krankheeten
bekämpft ginn ( a wéi eng net).


D’WHO kann och bestëmme wéi eng Kränkt als Pandemie gëlt, a wéi eng net. Dat ass zB den 22.07.2022 geschitt wéi
d’Afepouken zur Pandemie erkläert goufen . Och fir d’H1N1 Gripp (spéider als Corona bekannt ginn) huet
d’Parlamentsversammlung vun der OECD festgestallt, datt via d’WHO, d’Interesse vun der Pharmaindustrie wuel op
politesch Decisiounen Afloss geholl hunn. 
Dat ass fir eis inakzeptabel a sollt och net mat Steiersuen finanzéiert ginn. Dat Geld ass da besser a medizinesch Fuerschung an eisem eegene Land investéiert.

bottom of page