top of page

Familjen- , Kanner -  an Steierpolitik

Vill ze laang scho ginn d’Familljen vun eiser Politik vernoléissegt. D’DP huet souguer gesot géint eng
«natalistesch» Politik ze sinn. Mir sinn dofir !
Mir sti fir de fräie Choix ob Elteren décidéiere wëllen e Kand an eng Betreiungsstruktur ze ginn oder doheem ze
versuergen !


Dëse fräie Choix entsteet doduerch, datt eise Staat déi Familljen déi doheem betreien, genee esou finanziell
ënnerstëtzt, wéi wann e Kand a Betreiungsstrukturen giff goen. Dat ass haut ongeféier 2000 EUR de Mount pro Kand.
Dee Choix sollt de Bierger iwwerlooss sinn an net ideologesch motivéiert opgezwonge ginn.
Mir wëllen nees op de Systeem vu virun 2015 zréck kommen, wou d’ Kannergeld gestaffelt war an net ënnert dem Virwand “all Kand ass gläich wichteg” deselwechten Betrag fir all Kand.
D’Kannergeld muss selbstverständlech indexéiert sinn!


Och steierlech soll der Zuel vu Kanner an der Steiertabell nees Rechnung gedroe ginn, mat engem degressive Steiertaux fir all Kand an der Famill. Steierpolitesch muss iwwerhaapt Villes geschéien.

Prinzipiell gëtt d’Aarbecht haut ze héich besteiert. Och an der Progressivitéit si Grenzen erreecht wou een d’Leit nach
just démotivéiert fir méi ze schaffen, wann ee se nach méi héich setzt. Dat ass kontraproduktiv an och
wëssentschaftlech erwisen «trop d’impôt tue l’impôt». Dat gëllt haut natiirlech a besonneschem Mooss fir Jonggesellen.

​

TROP D’IMPÔT TUE L’IMPÔT 

​

Allengerzéiend Leit sollen exakt d’selwecht besteiert ginn wéi Koppele mat Kanner. Do daerf keen Ennerscheed
gemaach ginn ob een alleng ass, gepaxt oder bestued !
Wittleit sollen an hierer Steierklass bleiwen: si hu kaum manner Ausgaben doduerch datt de Partner eweg gefall
ass a sollen kënne wéi virum Doudesfall weider liewen. Mir si géint all nei ooder méi héich Steier!


Besonnesch Ierwschaftssteiren a Verméigenssteiren si “Steieren op versteiert Geld” an deemno prinzipiell
onmoralesch an destruktiv fir den Initiavgeescht an d’Schafenskraft vun de Leit.
Am contraire : déi total Ofschafung vun Ierfschaftssteier fir Familjememberen zB bis den 3ten oder 4te Grad hätt eng
Signalwierkung a géif eis eng gewëssen Immigratioun vu räiche Leit bréngen déi hier Suen dann och hei ausginn an
zur Prospéritéit vun eiser Gesellschaft bäidroen. 
«Wéi wëllt dir dat finanzéieren» get dacks gesot.


Wéi eng Famil déi muss kucken mat hirem Budget eens ze ginn, ass dat och beim “Staat”. Eis Steiergelder musse
besser verwalt ginn a vill onnéideg oder iwwerdriwwen Ausgaben gekierzt ginn ! Mir géifen eis international
Verpflichtungen (wéi zB an der Entwécklungshëllef) net “iwwerfëllen”, Militärausgabe radikal kierzen (duerch eng
Neutralitéit no Schwäizer Muster), an am grouse Ganzen all Dépensen op de Proufsteen leeën , ouni Tabu.
Dat och well de Verschëldungstaux vum Staat op kee Fall däerf erop goe fir eisen “triple A“-Rating an domadder och
eis Finanzplaz net ze gefäerden!


EN ANERE TAUX

​

Par contre kann d’Steierpolitik benotzt ginn fir gewëssen Investitiounen, sief et vu Privat oder vu Betriber
besonnesch ze fërderen : zB. den Amortissement accéléré fir Investitiounen a Mietwunnraum massiv erop setzen,
Natur- an Déireschutzmoossnamen iwwert déi einfach steierlech Ofsetzbarkeet eraus belounen, d’selwecht beim
Uleeë vun Uebstwisen, Gäert, Héngerhaltung asw. (méi autarkt a gesond Liewen).
Wann ee Studenten oder sozial prékair Leit bei sech doheem ophëllt, sollt dee Revenu steierfräi bleiwen. Där
Beispiller vum Belounen vu sozial richtegem Behuelen get et vill.

Den Grondgedanken ass ëmmer : keen Zwang, mais Incentive.


D´TVA op de Bau sollt generell an ouni speziell Ufro an Autorisatioun wéi an der Belsch op de 6% taux gesat ginn,
egal ob Neibau oder Reperaturen / Renovatiounen.
Bei Leit déi hiert éischt Haus bauen, kann natiirlech den Taux super-réduit vun 3 % bestoe bleiwen, mee dat ouni
Limitt op de Montant.


Par contre kéint d’TVA bei Keef vu Luxusgidder duerchaus e puer Punkten erop goen.
Den EnrEgistrement (dat heescht d’Steier beim Kaf vun Immobilien) beim Hauskaf muss bei der Acquisitioun fir de
Bierger drastesch erof gesat ginn (cf Wunnechsbaupolitik)

​

Manner Staat – manner Ausgaben -manner Steieren !
Méi Fräiheet – méi Initiativgeescht – méi Steieropkommes.

Familie zu Fuß am Strand
bottom of page