top of page

Verbraucherschutz

 

Effiziente Schutz vum Verbraucher fängt an der Schoul un ! Eis Kanner sollen an de spéide Joren vum
Fondamental an duerno wichteg Informatiounen iwwert d’Liewen kréien déi hinnen hëllefen net op egal wat
eran ze falen. Mir léieren jo net fir d’Schoul mee fir d´Liewen !


Duerzou gehéiert :
- E puer juristesch Grondbegrëffer : wat ass e Kontrakt, ass ee dorunner gebonnen, wéini sinn ech
responsabel fir dat wat ech maachen, wéi kann ech mech versécheren, Grondbegrëffer Aarbechtsrecht,
sozial Oofsécherung, Familjerecht, wéi funktionéieren eis Gerichter, wat si meng Rechter
als Affer vu Strofdoten, an esou weider. Si musse keng «maîtrise en droit» kréien mee déi wichtegst
Grondbegrëffer fir hiert Liewen.


- Dat selwecht zielt fir Grondbegrëffer vun der Comptabilitéit, der Politik, de Steieren an alles waat ee kann « éducation civique» nennen.
- Ernierung : Grondbregrëffer vu wierklech gesonder Ernierung ! Net Nutri-Score-Blendung mee e Wëssen iwwert Produiten !

- Vill ze vill Leit kënnen net kachen an erniere sech ongesond (an deier) ! Et kann ee fir bëlleg Suen einfach, ouni risegen Zäitopwand gutt kachen … wann een et geléiert huet ! Näischt ass méi einfach
wéi e gudde Fong oder Bouillon. Dat wier eng prioritär Aufgab vun eiser Schoul, nieft Alphabetiséierung a Rechnen, och déi Basiskenntnisser ze vermëttelen !


KACHEN AN IESSE SI WICHTEG

​

Iwwert IESSEN Bescheed ze wëssen ass méi wichteg wéi Vakanz, Luxus a Moud ….
-Dozou gehéieren och Grondkenntnisser am Stot, der Hygiène, dem Hale vun Hausdéieren a vun Notzdéieren

wéi Hénger : de Kanner nees bäibrénge wéi een einfach, gesond an gutt ka liewen, grad a
schwéiere Zäiten !
Eng gutt Allgemengbildung verhënnert datt mir mussen op Produiten esou verréckt Saachen schreiwe
wéi «dréchent äer Kaz net an der Mikrowell” !


Op der anerer Säit ass exakt an éierlech Etikettéierung vun alle Produiten, besonnesch Liewensmëttel, extrem wichteg! An Däitschland ginn all Joer 90.000 Tonnen Hunneg verbraucht an nëmmen 6.000 Tonnen produzéiert. Hei muss fir de Konsument kloer sinn : aus wéi engem Land kënnt mäin Hunneg ! An do geet et eben net duer ze soen

“EU” oder « Net-EU » !
Mir wëssen dat Zb. grad aus China enorm Quantitéiten vu «verfälschtem» Hunneg kommen.
Wann drop steet «aus China» muss ech als Konsument extra oppassen.


SAMMELKLOE MUSSE MEIGLECH SINN


Iwwerhaapt musse mir oppassen datt mat Labelen kee Schmu gedriwwe get ! Eng kloer Katégorisatioun: bei
Fleesch zB. muss klipp a kloer stoen zum Beispill :


A : Artgerecht Haltung an alle Beräicher,


B : Buedem oder Fräilandhaltung mee net ënnert de perfekten Critèren.


C: Stallhaltung déi akzeptabel ass, an


D : keng artgercht oder akzeptabel Haltung.

 

Litigen iwwert kleng Beträg musse kënnen iwwert Schlichtungen oder extreem einfachen a bëllege Geriichtsprozeduren gekläert gin. Sammelkloe géint grouss Konzerner déi d’Konsumente bei d’Lisette loossen musse méiglech sinn.


Mee VERBRAUCHERSCHUTZ ass nach méi wéi dat : staatlech oder parastaatlech Betriber mussen e
«service universel» garantéieren !

Dozou gehéiert dat Postbüroen iwwer Land musse bestoe bleiwen, inklusiv CCP-Service. Et kann net
sinn datt grad déi Schwächst an eiser Gesellschaft onméiglech Weeër mussen op sech huelen fir e
Recommandé opzeginn oder ofzehuelen, e retrait vu Borgeld vun hirem Kont ze maachen asw.


Dat selwecht gëllt fir d’Spuerkees ! Et kann net sinn datt d’Staatsbank Guicheten zou mécht.
All eis Staatsbetriber musse klipp a kloer als Aufgab kréien all Décisiounen net nëmmen no Rentablitéitscritèren mee no sozialen a verbraucherfrëndleche Critèren ze huelen.

Consumer rights and consumer protection, business law concept _ Buyer or purchaser protect
bottom of page