top of page

Sëcherheet 

Hei ass fir d’éischt ze bemierken datt vum Policeministère ëmmer erëm an d’Diskussioun geheit
gëtt, et wieren net genug Polizisten do: dat woe mir ze bezweifelen.

Mir denken, datt vill Resourcen duerch onnéideg administrativ Aarbechten, duerch onsënneg
Strofverfolgungen, duerch zweetrangeg Aufgaben, verbëtzt ginn.

​

D’Police soll an éischter Linn do am Asaz sinn wou et zielt : op den „Hotspotten“ vun der Kriminalitéit !

D’Bierger musse sech – egal ob Mann oder Fra, al oder jonk - zu all Ament iwwerall am Land fräi beweege
kënnen ouni Iwwerfäll, Messerpickereien a Kläppereien mussen ze fäerten.

Et kann net sinn datt haut d’Populatioun opgeruff gëtt zu gewësse Stonnen net méi ënnerwee ze sinn, Plazen

ze meiden, oder zB. dass Fraen besser hätten doheem ze bleiwen.

​

Souguer am hellechten Dag gi Leit iwwerfall, beklaut, blesséiert. Dat daerf net sinn !

D’Police muss nees wesentlech méi Präsenz um Terrain weisen! Mir brauchen dezentral Kommissariater déi 24
Stonnen op 24 besat sinn.

​

D’POLICE UM TERRAIN

​

D’Police muss eng kloer Prioritéitenlëscht hunn : konkret Präsenz, Präventioun an Asaz geet fir !
Natiirlech soll och op Sozialaarbechter wéi “Streetworkers” als preventiv Moossnam gebaut gin.
Mee um Enn vum Dag ass et wichteg d’Täter ze stellen !
Mir sinn net géint Kamera-Iwwerwaachungen esou laang klipp a kloer festgeluecht ass datt déi nëmmen
zum Zweck vun Opdeckung vun Drogen- a 
Gewaltkriminalitéit benotzt ginn an net zur
Bespëtzelung vum Bierger. 
Besonnesch perfid ass déi bandeméisseg Heescherei wou eeler an handicapéiert Leit ausgenotzt ginn fir Souen ze heeschen fir de Mafiaboss deen hannert esou
Banden stécht. Dat ass Mënschenhandel am schlëmmsten Ausmooss a soll streng a konsequent
poursuivéiert ginn. De Faite datt déi Bossen am Grenzgebitt sëtzen, dacks an Zonen wou déi jeweileg
lokal Police sech net hin traut, däerf kee Fräifahrtschäin fir déi schändlech Praktiken sinn.

​

An der Zäit vun den Demonstratiounen géint d’Mesuren vun der Regierung huet de Policeminister androcksvoll
bewisen wei séier eng Heedewull vun Uerdnungskräften kënne mobiliséiert ginn. Dat sollt eben grad géint déi
wiirklech Kriminalitéit geschéien. 
Domat verdéngt sech dann de Policeapparat och nees dee Respekt deen em zousteet als Beschützer vum Bierger, an net deem säi Feind.

bottom of page