top of page

Gesondheet

 

 

Et wonnert Iech net datt mir fir d’alleréischt froen datt de Patient e Selbstbestëmmungsrecht muss hunn wann
et ëm seng Gesondheet geet. Et kann net sinn datt Traitementer net nëmmen net vun eiser kranker
GESONDHEETSKEES bezuelt ginn, mee souguer verbuede ginn.


Et kann net sinn datt Dokteren poursuivéiert ginn, well sie no beschtem Wëssen a Gewëssen hier Patienten
behandelt hunn !
Et kann net sinn datt Politik engem Dokter virschreift wat hien däerf oder net däerf maachen am Intérêt vu
sengem Patient.


Dat ass symptomatesch fir eng staatsgefouert Medizin. Eise Gesondheetssystem ass NET gutt ! Egal wat soss
erzielt get : mir wëssen et jo awer aus eegener Erfarung…
Wann dann d’C-Gripp et fäerdeg bruecht huet datt eise Spidolssystem bal zesumme gebrach ass (annuléiert
Operatiounen asw) dann ass dat een Armutsbeweis fir eise System an e Beweis datt de stännegen Ofbau vu
Better par rapport zu der Populatiounsentwécklung e Fehler war.

​

Immens laang Waardezäiten – souguer bei extreem wichtegen an dréngende Fäll (Urgencen, IRM-Scanner
etc.) sinn esou alldéglech wéi inakzeptabel !
Nëmmen eng Stäerkung vun der liberal exercéierter Medizin garantéiert datt mir nees genug Dokteren hunn
(an dat bei EU-wäitem Mangel!) déi liberal exerzéieren, vum Allgemengmediziner, Internist bis hin zum Spezialist.


OCH ENG PORTIOUN ALTERNATIV…


De sozialisteschen Usaz vu PLANWIRTSCHAFT an d’de facto-Verstaatlechung féiert zum Doktermangel
dee mir haut schons hunn.
Spideeler, Maisons Médicales, Kannerklinicken a Materniteeën musse flächendeckend existéieren. Grad
iwwer Land gett et hei haut e Noutstand !


Och eng Stäerkung vun der Alternativmedizin ass dréngend erfuerdert. Bis elo gouf et do Verspriechen,
mee bal keng Ëmsetzung. Eng seriö Bréck tëscht « Schoul » - an «  Alternativ » - Medizin muss geschloe ginn.
Dank dem Dr. Colombera (wéi gutt datt heiansdo Leit an der Chamber sëtzen déi eppes kennen ….) hu mir
d’Méiglechkeet Medikamenter op Basis vu Canabis medicinal kënne verschriwwen ze kréien. Mee deen

onwarscheinlechen Opwand dofir extra an eng Spidols- Apdikt ze goen ass total derniewt.
Doktere mussen och ausserhalb vum Spidols-Secteur d’Méiglechkeet hunn nei Strukturen opzebauen (wéi zB.
den IRM um Potaschbierg) .


Planwirtschaft féiert ëmmer zu Mangelwirtschaft ! Der AAMD ass virzegeheien datt si sech – entgéint all
etheschem Standard – fir eng “Impfpflicht” (mat engem experimentelle Stoff deen nie eng Impfung war)
ausgeschwat huet. Doriwwer eraus huet si awer valabel Propose fir eise Gesondheetssysteem funktionéierend ze
behalen.


Soss erreecht eis sozialistesch Politk de Contraire vun deem wat se anscheinend wëll (keng Zwee- Klassegesellschaft ) : Leit déi sech et kënne leeschten ginn an d’Ausland sech gutt a séier behandele loosen, an
heiheem ass d’Gesondheetswiesen fir all Mënsch d’selwecht : leider schlecht…

gesunde Morgen
bottom of page