top of page

Fräiheet

WAT ASS FRÄIHEET ?

 

Muncher soen : « Firwaat nennt dir Iech Liberté – Fräiheet ? Mir liewen dach net an enger Diktatur ? »
Duerfier erkläre mir eise Fräiheetsbegrëff an domat och eis Siicht op d’Gesellschaft, d’Politik an de Staat.


Datt eis verfassungsrechtlech Grondrechter séier kënnen ausser Kraaft gesat ginn, an dat op eng disproportionéiert Aart
a Weis, erliewe mir zanter ville Joren. Et ass eben «  schläichend » geschitt an dohir net ëmmer dem Bierger
opgefall. Kloer, an der sougennanter “ Pandemie” gouf den Appetit vu villen (bal alle) Politiker d’Bierger ze gängelen
besonnesch däitlech. Mais et huet net domat ugefaangen an et huet och net mat der « déclaréierter Pandemie » opgehal !


An de folgende Kapitelen fann dir vill Beispiller. Hei just eent erausgepickt : am Code Pénal ass en Artikel deen
dem Parquet ( Staatsanwaltschaft) et erlaabt Bierger ze poursuivéieren wéinst Aussoen a soziale Medien. Wat
ursprünglech emol geduecht war als Mëttel géint Extremisten a Faschisten (déi an den Nonzeger zum Beispill Trakter bei de
Schoulen verdeelt hunn an der Aera viru social media) ass séier aus dem Rudder gelaf.

 

NO MORE HATE-SPEECH

 

Ënnert dem Label “ hate-speech”
ass et haut méiglech Bierger aus der reng subjektiver Siicht vu Leit déi net mat hinnen net d’accord sinn duerch dësen Text
strofrechtlech veruurteelen ze loossen.

​

Esou ass et zum Beispill oft schwiereg a souguer falsch Parallelen / Analogien tëscht heitegen Evenementer mat
gechichtlechen Evenementer ze zéien. Duerfier awer Leit als “ Holocaust-Leugner” ze poursuivéieren well se, an hirer
Subjektivitéit, fannen, datt gewësse staatlech Methoden vun haut deene vun Nazien a Gestapo gläichen ass ganz bestëmmt iwwert d’Zil eraus geschoss.

​

Hei ass d’Recht op fräi Meenungsäusserung kloer a Gefor.

Also: Eis GRONDRECHTER sollten nëmmen a ganz rare Fäll limitéiert ginn, an och dann nëmme mat äusserstem Respekt vun der Proportionalitéit. All Députéierten wéi all Bierger soll kënnen eist VERFASSUNGSGERIICHT befaasse wann en der Meenung ass déi PROPORTIONALITEIT wier net respektéiert ginn.

​

MEI EEGEVERANTWORTUNG

​

Ganz allgemeng sti mir fir EEGEVERANTWORTUNG : Eis eegen Entscheedunge solle vum Staat esou wéineg wéi
méiglech ageschränkt , mee am Contraire respektéiert ginn. Honnerte vu Verbueter a Regelungen sinn iwwerdriwwen, onnëtz a blockéiere just dat fräit Liewen, am private wéi am geschäftlechen. Beispiller heifir nenne mir an den nächste Kapitelen.
De STAAT ass einfach iwwergrouss, iwwerdeier an iwwergrëffeg. Ëmmer méi Bürokratie lähmt d’Liewen a féiert
zu manner Initiativgeescht, manner Entrepreneursgeescht, manner ëffentlechem Engagement, duerfir awer zu ëmmer méi 
Taxen a Steieren. Och heizou hu mir ganz konkret Virstellungen.


Zu eisem Fräiheetsbegrëff gehéiert och déi DIREKT DEMOKRATIE : vill méi dacks a konsequent sollten
d’Bierger ëm hir Zoustëmmung oder Oflehnung gefrot gi bei wichtege Gesetzesvirlagen oder Initiative vun der (nëmmen indirekt gewielter) Regierung. D´Vollek, d’Bierger sollen dat lescht Wuert hunn!


Verbuedsideologie , schoulmeeschterhaft Behandlung vum Vollek, dirigistesch Gesetzer, den “tout pénal” a bal alle
Gesetzer, alles dat ass den Doud vun enger fräier, zefriddener a glécklecher Gesellschaft.
All deenen Ideologie wäerte mir ëmmer an iwwerall entgéint trieden. Ouni ‘Wenn und Aber’ !


An eisen Aen ass d’AUTODETERMINATIOUN, de fräie Choix tëscht verschiddenen Optiounen, de Grondsteen vun enger fräier a gesonder Gesellschaft. Fräiheet a Gläichheet schléissen sech dobäi absolut net aus !
Am Contraire : déiselwecht Startchancen fir all Kand leien eis besonnesch um Häerz genee wéi d’Gläichbehandlung vun ALLE Bierger.


Fräiheet ass Fräiheet ! An dat ass dat ALLERHECHST
wat mir hunn!

B9715911561Z.1_20180603142638_000+GUTBDR15I.2-0.jpg
bottom of page