top of page

Aarmutsbekämpfung an Soziales

 

 

Et kléngt esou einfach : jidderee muss kënne vu senger Aarbecht liewen. Leider ass dat haut keng
Selbstverständlchkeet méi. Vill Facteuren kommen hei beienee…


D’Wunnen ass vill méi déier ginn. Wien net d’Chance huet eng Immobilie ze ierwen ass haut schlecht drunn.
Och hei ginn et e puer Ursaachen : jo, Lëtzebuerg ass enorm gewuess : méi Awunner bei ëmmer ze klenger
Offer u Wunnengen dreift Präisser ipso facto erop. Mee och soss hu verschiddenst Regierungen zanter gutt 30
Joer keng iwwerzeegend Wunnengsbaupolitik bedriwwen.


Mee och aner Fakteure sinn eng Realitéit :_ zanter Euro-Afféierung sinn d’Präisser explodéiert. Elo no den
diverse Krise kommen Liwwerkettenschwieregkeeten derbäi. Wéivill Produiten sinn haut duebel esou deier
wéi nach virun e puer Joer ? Amplaz deem entgéint ze wierken huet dës Regierung nach Ueleg op d’Präisfeier geschott : Aféierung vun CO2-Steier, Sanktioune géint Russland, nach méi héije TVA op Mietwunneschten, nei Taxen ….

​

Mir fuederen datt d’Staatsquote (den Undeel vu staatlechen Ofgaben bei Energiepräisser) drastesch
gekierzt get: Energie-Aarmut däerf net weider ugefacht ginn. Idem mat utopesche Normen am Heizwiesen,
Baunormen asw.
Ganz konkret Moossnamen sinn och eist Elteregeld, eis Steierreform (mat selbstverständlech voller
Indexéierung vun der Tabell), d’Eropsetzen vu Kannergeld asw.
Kloer ass awer och : wa mir och weiderhin héisch “Sozialtransferten” iwwert de Staatsbudget finanzéiere
wëllen, da brauchen mir WUESSTUM. Nohalteg, gesond, gezielt, jo : mee ouni Wuesstem heescht d’Alternativ Veraarmung !

​

SOZIAL HANDELEN

​

De Leit vir ze spiggelen datt ee kéint och nëmme tant soi peu eise sozialen Niveau halen ouni Wuesstem ass
Scharlatanerei.


« SOZIAL HANDELEN «  heescht datt de Staat och Léisungen ausserhalb vum Staatssystem akzeptéieren a
fërdere muss ; sief et d’Versuergen vu Kanner doheem, Home-Schooling, Doheembleiwe vun eelere Leit och
wa Pflegebedarf besteet, privatwirtschaftlech Gesondheetsstrukturen asw.

Iwwerhaapt muss dat sozialt Liewen nees vill méi gefërdert ginn : vum Postschalter deen am Duerf bleiwt,
Duerf-Epicerie déi en vereinfachte Bilan- an TVA- System kritt, den Duerf-Bistrot, Déngschtleeschtungen
(Coiffer, Dokter, asw asf) .


Alles dat mécht datt Leit nees méi zesumme kommen, geselleg liewen amplaz niewenteneen a Schlofgemengen.
Empathie a Verstees-de-mech muss och an Alters- strukturen Tromp sinn : ass et normal datt eeler Leit déi
an esou en Haus plënneren hiert Hausdéier, mat deem si zanter ville Joren zesummenliewen, mussen ofginn ?
Wiem géif daat net d’Häerz briechen ?

​

INTEGRATIOUN VUM HANDICAP


Zum verständnisvollen Zesummeliewen gehéiert och datt Leit mat egal wéi engem Handicap esou wäit wéi
méiglech kënnen um dagdeegleche Liewen deelhuelen. sech Barrièrefräi beweegen ass dobäi nach déi einfachst,
mee och wichtegst Moosnam. Fuert mol eng Kéier mam Rollstull an enger x-beliebeger Stiedchen…


Mir sin expressis verbis géint en utopegt « bedingungslost Grondakommes » wat ganz einfach
net ze finanzéieren ass, Faulenzerei amplaz Leeschtung belount an in fine net zu allgemengem Wuelstand féiert
mee riskéiert eng allgemeng Veraarmung erbäizeféieren. Wien net mei schaffen kann ( Krankheet, Invaliditéit...) huet en Unrecht op sozial Ofsëcherung.

​

Ee Wuert zu eisem Pensiounssystem an deem mir all esouvill cotiséiert hunn : och hien ass net ze rette wa
mir eis dem gesonde mee zielstriewegem Wuesstem verschléissen.
Alternative wieren dann nach just en Erhéige vun der Liewensaarbechtszäit, d’Erhége vu Cotisatiounen
an/oder d’Erofschrauwe vun de Leeschtungen…

Nächstenliebe
bottom of page