top of page

Landwirtschaft, Naturschutz an Déierenwuehl

 

Landwirtschaft, Naturschutz an d’Wuel vun den Déiere stinn bei eis ganz uewen op eiser Prioritéitslëscht !
Et geet hei an éischter Linn ëm d’Erhalen vun enger propperer, artenräicher Natur: kloer Gewässer, héisch
Loftqualitéit, Erhalen an Ausbau vu vernetzte Liewesraim fir all Déierenarten, artgerecht Haltung vun Déieren an der
Landwirtschaft, asw. 


Mee och hei zielt : eegeverantwortlecht Handele vun de Bierger ass gefrot! Um Bierger leit et d’Offer vu qualitativ
héischwäerteche Produiten, lokalen oder regionale Produiten z’akzeptéieren. Mir brauche keng Obligatiounen,
Bevormundungen an staatlech diktéiert ‘Veggie-Days’ oder extra Steieren op Zocker.


Dobäi wäert déi gréissten Hürd sinn, datt zB. artgerecht Haltung vu Schluechtvéi wesentlech méi käschtenintensiv ass
wéi bei enger klassescher Stallhaltung. Dat selwecht gëlt fir biologesch ugebautent Uebst a Geméiss oder biologesche
Wäibau. Fir datt d’Offer net Leit virbehale blewit, denen d’Präisser egal sinn, muss eis Landwirtschaft, d’Wëntzer, an
d’Geméis- an Uebstbaueren an déi Richtung gefërdert ginn.


Mir mussen déi europäesch Landwirtschaftspolitik ëmbauen an ganz kloer Moosnamen déi fir Artenvillfalt wichteg sinn (Randsträifen, vernetzten Hecken, bléiend Zorten asw.) genee wéi artgerecht Haltung oder biologeschen Ubau massiv subventionéieren.
Och eis privat Bëschbesëtzer mussen nees méi fräi wirtschafte kënnen. Ideologesch Aschränkung vun
Ofholzungen si kee probat Mëttel: par contre subventionéiert Nei-Opforstung mat de richtegen Essenzen duerchaus. Och brauch dëse Sekteur méi Beroder déi der Vereenegung vun de Bëschbesëtzer an hire Memberen zur Verfügung stinn. Dat aktuellt Naturschutzgesetz geet vill ze wäit wann et drëms geet wat an enger “zone verte” iwwerhaapt nach
geneemegungsfäheg ass, an dat trotz der rezenter “Oplackerung”.

​

PRIVAT GÄERT AN DER ZONE VERTE

​

Esou sinn zB. aktuell privat Héngervolièren an der zone verte verbueden. Privat Gäert an der zone verte? Verbueden.
Vergréisserung vu bestehender Bausubstanz? Onméigleg. Mir sinn als Kanner an de Gäert vun eisen Elteren a
Grousselteren beim Bësch opgewuess. Eis Naturverbonnenheet huet net misse “geléiert” ginn : si ass gelieft !
Speziell och Déierenopfangstatiounen, Déierenheemer, Gnodenhäff asw. musse kënnen an der zone verte erriicht
ginn, an dat ouni onendlech Prozeduren an Etuden! Et besteet en akute Mangel an esou Ariichtungen gehéieren an
d’Natur !

​

Steierlech sollt e speziellen Zertifikat kreéiert ginn den Investitiounen an esou Ariichtungen speziell favoriséiert
(iwwert déi üblech Ofsetzbarkeet eraus).
All déi gréng Beruffer: vum Bauer, Wënzer, Bëschbewirtschafter, Landschaftsgäertner, Gäertner,
Fieschter asw. mussen opgewäert a respektéiert ginn. Och méi spezifesch a praxisorientéiert Ausbildunge musse
multiplizéiert ginn. Sougennanten “nohalteg Energien” sinn dacks schiedlech fir
Natur an Artenvillfalt an hunn och nach derbäi –in fine– eng schlecht “Klimabilanz”.


Et muss ee sech objektiv a wëssenschaftlech fundéiert mat der Fro ausenee setzen ob déi propagéiert “gréng” Energien
wierklech nohalteg an Naturschutzkonform sinn. Dat ass dacks weder bei Wandturbinnen nach bei
Waasserdämmungen de Fall. Och Solaranlagen op der grénger Wiss si keng Léisung: besser ass da souwisou
versigelt Flächen (Diech zB.) dofir ze benotzen.
Wierklechen Arten- an Naturschutz erfuerdert Sachverstand aplaatz Ideologie.

​

JUEGD A BIODIVERSITEIT

​

Esou gehéiert zB d’Juegd zum Schutz vun Biodiversitéit an Arteschutz. Am Bësch muss et Rouzonen fir d’Wëld ginn, wou keng Notzung duerch de Mënsch (ausser Forstwirtschaft a Juegd) stattfënnt.
Och eng Oflenkungsfidderung fir Wëllschwäin zum Wuel vun der Landwirtschaft muss erlabt sinn a souguer encouragéiert ginn. Eng eenzeg Rott Schwäin kann an enger eenzeger Nuecht Hektaren vu Kulturpflanzen zerstéieren.
All dëss Beruffer schaffen Hand an Hand fir eis Natur an eis Biodiversitéit ze garantéieren : mat dat wichtegst Gutt wat
mir ze verteidegen hunn ! Wann de Staat eppes finanzéiere soll, da gehéiert dëss nobel Aufgab op alle Fall derzou !

​

LANDWIRTSCHAFT

​

Zanter Joerzéngten gëtt eis Landwirtschaft duerch d’EU politesch gesteiert, sief et duerch Quoten oder Subventiounen. 
Domat diktéiert d‘EU d‘Richtung wéi Si et gären hätt, a mat all neiem Agrargesetz gett déi Richtung nei définéiert an
ännert hir Directioun.  Wat mir an der Landwirtschaft bréichten, ass Planungssécherheet déi e bësse méi laang geet
wéi 5 Joer.


International Handelsofkommes wéi CETA, TTIP, Mercursor etc. si fundamental begréissenswäert, mee wat
landwirtschaftlech Produkter ugeet ass de «level playing field” d.h. gerecht Konkurrenzbedingungen net ginn :


1.) hunn dei Länner ganz aner Viraussetzungen wéi mir, si hu
méi grouss a méi bëlleg Flächen
2.) ass den Arbechtsloun a villen aanere Länner méi niddreg 
3.) hunn aner Länner net déi streng Oplagen wéi bei eis.

De Bauer kritt Bäihëllefen fir datt an éischter Linn d`Liewensmëttel bezuelbar bleiwe sollen. Ouni dës Mesure
wäeren eis Liewensmëttel e gudde krack méi deier.

 

Eis Virstellung vu Gerecht an Iwwerliewensfäheg
Landwirtschaft:
 
1.)  déi selwecht Konditiounen fir importéiert Produiten wéi bei Lëtzebuerger Produiten : et därte zum Beispill nëmme
planzlech Produiten (Kären a Mais) fir den Import zougelooss sinn,  déi och Genfräi ugebaut sinn ; an och nëmme Fleesch importéieren bei dem sécher ass, dass d´Béischten net mat Wachstumshormoner opgezunn goufen, a wou d’Déirewuel net mat Féiss getrëppelt gouf.


2.) Laangfristeg Reglementer fir d`Agrarpolitik (Planungssécherheet)
 
3.) Manner Bürokratie oder sënnlos Schulungen. Mëttlerweil muss ee bal all Schratt um Haff dokumentéieren (alles wat eran respektiv eraus geet. Et get ëmmer vu „simplification administrative“ geschwat, mee et kennt ëmmer nees Neits derbäi (zb. Weideregister)
 
Vir Landwirtschaftlech Bäihëllefen ze kréien (Landschaftspflegeprimm etc ) muss een theoretesch a
praktesch Schulungen absolvéieren,  déi awer am Cour vum theoreteschen hir net vill mam prakteschen ze dinn  hunn.

​

4.) Manner a besser Labelen fir eis Produiten. Déi 25 Labelen déi mir zu Lëtzebuerg hunn, bréngen de  Konsument
duercheneen, an dee riskéiert dann am Endeffekt dat bëllegst ze kafen. Virun allem misst och sécher gestallt ginn, datt dann och wierklech e lëtzebuerger Produit dran ass, an net nëmme bäigemëscht gouf, oder iwwert d’Grenz eweg produzéiert gouf.


5.) Familienbetriber méi fërderen: dëst verhënnert eng Massendéierhaltung a séchert Arbechtsplazen.


6.) Am Ackerbau wéi och bei Uebst a Geméis nees méi al Zorten ubauen déi vumn der Poduktioun hier vielläicht e besse manner bréngen awer dofir vill méi extensiv kënne gefouert ginn.

Vater und Sohn in Hühnerfarm
bottom of page