top of page

Mëttelstand,
Handwierk,
Betriber,
Indépendants

 

 Leider huet haut esou zimmlech all Betrib d’Gefill éischter Affer vu Kontrollen a Strofen ze sin wéi e
wichtegt an appreziéiert Element vun eiser Gesellschaft, wat Arbechtsplazen a Wuelstand produzéiert.
Wie soll net heiansdo d’Flemm kréien fir e Betrib ze grënnen oder ze féieren bei den aktuellen Zoustänn ?


Dir engagéiert en Auslänner deen eng Obenthaltsgenehmegung huet, a meld deen offiziell beim CCSS un. Trotzdeem kënnt dann eng Razzia vun der TM mat 2500.- EUR Amende well dee Mënsch
“keng Aarbechtserlabnis” hätt. Firwat däerf e Mënsch dee legal hei wunnt net schaffen, Sue verdéngen a
Steiere bezuelen ?


Betriber kréie wierklech net vill gehollef …. Dofir wier et wichteg eng Administratiouns-iwwergräifend
Ulafstell ze hunn wou pro-aktiv a positiv all neie Betrib gehollef kritt duerch d’Labyrint vun Autorisatiounen a
Virschrëften ze kommen. Dat matleedegst wat déi läscht 30-40 Joer geschitt ass
war, dat d’HANDWIERK net méi respektéiert a valoriséiert gouf ! Wéivill Leit déi Talent haten e

gudden Handwierker ze ginn sëtzen haut op langweilege Plazen amplaz hiert Talent mat Freed an Asaz fir d’Leit
anzesetzen ?


Mir mussen nees méi Respekt hu fir Leit déi e Beruff geléiert hunn, eppes leeschten, an dann och nach
Arbechtsplazen schafen…

ENTREPRENEURE SI GEFROT

Fir d’Indépendants ass net tragbar datt déi haut nach ëmmer diskriminatoresch behandelt ginn vis-à-vis vun
anere Leit. Dobäi hat Gambia I schon 2013 op der Säit 54 vun hirem Regierungsaccord kloor an däitlech
erkläert :

« Afin de promouvoir l’entrepreneuriat, le Gouvernement créera un statut d’indépendant qui
lui offre des droits sociaux équivalents à ceux des salariés. « 

Pustekuchen! Och 10 Joer méi spéit gouf dëst einfacht Verspriechen net ageléist. Wisou ? Esou eng
Diskriminéierung ass duerch näischt ze rechtfärdegen…


Mir maache Schluss domat ! Séier a radikal ! Weider ass et och inakzeptabel datt Gechäftsleit déi e
“redressement fiscal” kréien (zu Recht oder zu Onrecht : 
do gëtt et jo Recoursen) dann och nach wéinst
‘Steuervergehen’ strofrechtlech verfollegt ginn. Alt nees eng Kéier : wien soll net d’Flemm kréien…
Mir brauchen eng Gesellschaft mat Entrepreneuren déi NET d’Flemm hunn, mee dofir Mut, Ausdauer,
Kreativitéit, Durchhalteverméigen… Oder et gesäit schwaarz aus fir eis Zukunft.

Automechaniker
bottom of page