top of page

Staat – Parlament – Regierung an Justiz

Mir si libertär mee keng Anarchisten . Natierlech brauch eng Communautéit eng Organisatioun, Gesetzer, Regelen a Leit an der Verwaltung, der Police an der Justiz déi dofir suergen
datt se agehale ginn.
Allerdéngs musse mir kloer définéieren a wat fir eng Beräicher vum Liewen de Staat «reguléierend» agräife
soll, däerf an a wéi eng net! Prinzipiell huet de Staat e puer Käraufgaben op déi e sech konzentréiere soll . Dat sinn zB d’Bekämpfung vun Aarmut, d’Sozialpolitik, d’Bildung, d’Gesondheet, d’Justiz, d’bannecht Sécherheet, d’Infrastrukturen an de Verbraucherschutz. Mee och an dëse Beräicher kann eng zolitt Dosis “Privatiséierung” an Eegeverantwortung net schueden : zB duerch d’Stäerkung vun der liberaler Medizin par rapport zu der aktueller Planwirtschaft.
Anerersäits gëtt et Domaine wou de Staat eng Roll ze spillen huet, mee awer gréisstméiglech Fräiheet fir d’Akteure sollt garantéieren : Wirtschaft, Indépendants, Mëttelstand, Wunnéngsbau, Famill, Landwirtschaft asw.

An den eenzelne Kapitel leeë mir duer wéi eng Mesuren oder Net-Mesure fir eis wichteg sinn.


E SCHLANKE STAAT

​

Mir wëlle prinzipiell an alle Beräicher e SCHLANKE Staat dee méiglechst wéineg Ressource brauch a seng Käraufgabe virbildlech erfëllt. Mir si fir eng gutt ausgebilte Fonction Publique déi dëst assuréiert.
Mir wëllen awer och den absolute Respekt vun de Staatsdénger vis-à-vis vum Bierger, genee wéi
ëmgedréint : onnéideg Prozeduren an Obligatiounen (zB repetitiv Dokumenter déi ëmmer erëm musse produzéiert ginn) si genee esou ze wéi onnéideg an iwwerdriwwe Kontrollen, Strofen asw.
De Bierger soll sech sengersäits ëmmer ëm e frëndlechen an empatheschen Ëmgangstoun mat
Verwaltunge beméien. De Bierger ass fundamental als ‘Client’ vum Staatsapparat ze gesinn (an net als “administer”), an
dementspriechend ze behandelen. Wéi bei der Inspection Générale de la Police, misst et och en Organ gi wou den eenzelne Bierger eng «Dienstaufsichtsbeschwerde» no däitschem Modell 
areeche ka wann hien/si diskriminéierend oder falsch behandelt gouf.


Grad an Zäite vu grousse Fortschrëtter an der Digitalisatioun muss et méiglech sinn dat iwwert d’Matricule vun engem Bierger seng Immobiliendaten, Kadasterauszich, seng homologéiert Diplomer, seng Autospabeieren, seng Carte d’Identité, Pass, Certificat de Résidence, Autorisation de Commerce, a wat soss nach ofrufbar ass vun autoriséierte Fonctionnairen (an natierlech mat enger strenger Kontroll vun der Recevabilitéit vun der Recherche duerch log-in files)
disponibel sinn, an NET méi vun all Bierger bei all Demande muss bäigeluecht ginn.

​

SIMPLIFICATION ADMINISTRATIVE


Dat wier eng richteg “simplification administrative” …. fir de Bierger !
Zum Parlament muss ee soen datt do vill ze mann Leit siégéieren, déi engem Beruff noginn : dat ass schiedlech fir d’Perceptioun vun deem wat fir d’Bierger wichteg ass. Hei ass et awer un de Wieler endlech
anzegesinn datt sech näicht verännert esou laang si déi ëmmer selwecht “bekannte” Leit wielen…
E Schratt an d’Richtung vu méi “Normalitéit” wier sëcherlech de “Congé Politique” erop ze setzen an 
domadder fir d’Leit dëst Mandat méi attraktiv ze maachen déi schaffen. Och wier et net falsch d’Députéiert an enger eenzeger Lëscht ze wielen, dat heescht d’Bezierker ofzeschafen.
Parallel kéint d’Zuel vun den Députéierten vu 60 op 40 erofgesat ginn, an domat um Budget gespuert ginn. De Règlement vun der Chamber organiséiert, strukturéiert a kontrolléiert d’Aarbecht vun den Députéierten duerch d’Bank gutt an et kann ee soen datt d’Chamber sech gutt an zolitt opgestallt huet.

Mee elo zu der Regierung : firwat gi bal ëmmer Ministeren direkt an d’Chamber gewielt, obwuel jo kloer ass datt se net wäerte bleiwen an “Norutscher” op hire Lëschten dann déi Plazen fëllen? Ma well se duerch hirt Amt an dat geschéckt Ausnotze vu Presseterminer, Aweiungen, soziale Medien, Publizitéitskampagnen asw esou eng grouss
Bekanntheet kréien datt un hinne kee Wee derlaanscht féiert.

​

ONPOLITESCH MINISTERE

​

Wier et net besser eis MINISTERE wieren onpolitesch? Firwat kann net eng Majoritéit vun Députéierten déi verschidde Ressorten (woubäi d’Zuel kéint kloer reduzéiert ginn) mat kompetente Mënsche besetzen déi dann net parteipolitesch , mee aleng am Intérêt vum Land schaffen? Als Treuhänder ënnert der Weisung an der Kontroll vun der Chamber, de gewielte Volleksvertrieder ?
Si sollten dann och all eventuell parteipolitesch Affiliatioun roue loossen, d’Kommunikatioun vum Ministère dem Regierungsspriecher iwwerloossen an déi Zäit déi si spueren well se net all Blummendëppen
aweien an op all Dëppefest optrieden, hirer Aarbecht widmen.
Mir brauche manner “Pausenclowns” a méi transparent, éierlech, loyal, dem Gemengewuel (an net der Partei déi
hinnen de Poste verschaaft huet) verpflicht Ministeren! Esou eng “iwwerparteilech” Regierung géif och der
Ausriichtung vu Gesetzesproposen gutt doen, déi ipso facto manner parteipolitesch an ideologesch ausgeriicht wieren!
Wat den Drëtte Pouvoir am Staat ugeet, d’Justiz, esou war d’Schafung vum Kontrollorgan eng wichteg a
richteg Décisioun vun eiser Chamber ! Allerdéngs muss ee bemängelen datt vill ze vill héich Magistraten hei
vertruede sinn, a leider en iwwerdriwwene Corpsgeescht net kann ausgeschloss ginn.

Ausserdeem hu mir eng ganz aner Visioun vun der “Staatsanwaltschaft », dem Parquet, déi eiser Meenung
no näischt an der eigentlecher Magistratur verluer huet, mee e Verwaltungsapparat um Justizministerium sollt
sinn : den Affekot vum Staat. Ergo och näischt am Conseil National !


STAATSANWALTSCHAFT

​

Onverständlech ass och fir de Bierger wann e säin Accusateur um selwechten Dësch sëtze gesäit wéi säi
Riichter. Dat gëtt einfach e schlechten Androck a vill Bierger hunn aleng scho wéinst dëser Sëtzuerdnung d’Gefill datt
de Staatsanwalt méi ze soen huet, méi Afloss huet, wéi hien/si oder säin/hire Verteideger .
D´Prozedure musse radikal vereinfacht a verkierzt ginn ! Et kann net sinn datt e Méint a Joeren op en Urteel
waarde muss an enger Saach déi engem no geet, egal ob emotional oder finanziell .
D’Honoraire vun Affekote musse vill méi kloer an transparent geregelt ginn. Den däitsche Modell vum
«Sträitwäert» an d’Iwwerhuele vun den Affekotskäschte wann een e Prozess verléiert (amplaz déi zimlech willkürlech “indemnité de procédure” déi haut applizéiert gëtt) géifen den Zougang zur Justiz fir all Bierger méi realistesch maachen.

​

VERTRAUEN

​

Den Zougang zum Verfassungsgeriicht muss erweidert ginn : souwuel en Deputéierten (direkt wann e Gesetz
gestëmmt gouf) wéi all Bierger (wann e betraff ass) soll kënnen dës héchst a wichtegst Geriichtsbarkeet vun eisem Land saiséieren wann e begrënte Verdacht besteet datt e Gesetz oder e Reglement d’Verfassung violéiert.
All Gesetz wat vum Verfassungsgeriicht als verfassungsfeindlech agestuft gëtt muss banne
kierzester Zäit (!) widderruff oder reforméiert ginn. Souwuel den éischte Pouvoir (d’Chamber) , den
Zweeten (d’Regierung) an den Drëtten (d’Justiz) mussen all Kéiers als eng Sail vun eisem ganze System bestoen a mussen irréprochabel sinn a bleiwen : dat ass de Präis fir datt d’Bierger hinnen absolut vertraue
kënnen !

​

Richter mit Buch
bottom of page