top of page

ENERGIEPRÄISSER – SOZIAL NOUT

KLIMAMESUREN

 

 

Fir et direkt ze soen : de Klimawandel war an ass e FAKT, ob elo vum Mënsch gemaach oder och als
natierlech Evolutioun. Klima ass am Wandel zanter ëmmer.
Et muss een awer kee “Klimawandelleugner” sinn fir déi aktuell Klimapolitik kritesch ze hannerfroen :


- Wéivill notzt sie ?


- Wéi eng Schied un Natur an Ëmwelt an Artevillfalt provozéiert sie?


- Wéivill soziale Misère provozéiert sie ?


Mir wëssen datt et keen Argument ass ze soen : wat mécht China, wat Indien a wéi grouss ass eise Bäitrag
zum CO2–Ausstouss. “Et muss jo ee mam gudde Beispill virgoen”.


Mee trotzdeem : Lëtzebuerg kritt säi “Tanktourismus” ugerechent: wat e Blödsinn. Ob zu Arel oder Pärel oder Thionville getankt get : wat soll dat ?


FAKT ass datt nëmme ronn ¼ vun eisem Spritverkaf op nationale Konsum zréckgeet. Lëtzebuerg huet kee Kuelekraaftwierk !

​

An der ganzer EU sinn der (Stand 3/2022) 1179. A China 946, USA 286, Indien 253.
Kuelekraaftwierker produzéiere pro Kilowatt Stroum 882 gr. CO2. Äerdgas nëmme 440. Atomkraaftwierker quasi null.
Wärend eist “ liichtend Beispill” Däitschland Kuelen- a Kernkraaftwierker liquidéiert, ginn néi AKW’e gebaut :
si belaaschten jo och net den CO2 Bilan… Hei ginn Tschechie, Bulgarien, Ungarn, Holland,
Schweden, Polen, Frankräich op dee Wee. Soulaang mir präiswerte Stroum aus Frankräich importéieren deet also déi däitsch Decisioun eis kaum wéi… 
60% SI FIR DE STAAT

​

Anescht ass et beim Benzin, Diesel, Gas asw : déi onwahrscheinlech héich Steieren (méi wéi 60 % vum
Präis sinn fir de Staat) maache ville Bierger d’Liewen schwéier. Grad am ländleche Raum feele ganz einfach
Alternative vun ëffentlechem Transport. Och dat ass e FAKT. Dei ekologesch Schied duerch “ Klimamesuren” sinn enorm !

Quecksëlwer, Cadmium, Bläi si gëftech Ëmweltstoffer déi an all Batterie oder Akku dra sinn.


D’Produktioun vun engem Elektro-Auto verursaacht e groussen CO2-Ausstouss. Eng schwedesch Studie huet
berechent datt d’Produktioun vun enger Batterie vun engem TESLA-S, 15-20 Tonnen CO2 verursaacht.
De Stroum dee verbraucht get ass och net “CO2 Neutral” (ausser e kéim aus Atomkraaft).


Wann en E.-Auto keen “Ökostroum” benotzt, mee dofir “Kuelestroum”, ass den CO2-Bilan réischt no iwwert
300.000 gefuerene Kilometer positiv.
Mee och d’Produktioun vun “Ökostroum” ass alles anescht wéi onproblematesch !

​

WEI ÖKOLOGESCH ASS E WANDRAD


E Wandrad verbrauch och Ressourcen wéi seelen Äerden, tonneweis klimaschiedlechen Beton (je no
Gréisst 1300 m3 pro Rad), Metal (180 Tonnen Stol pro Wandrad), Gréngflächen (an elo suguer Bëscher !).
Vun der Verschandelung , Verspargelung vun eiser Landschaft wëlle mir guer net emol schwätzen. Nach méi schlëmm as d’Schredderen vu Vigel, Insekten a Flantermais. (Mee déi gi just geschützt wann ee Mënsch
eppes an der Gréngzon well maachen..,)

​

D´Wëssenschaft ass komplex. Esou gouf zB. berechent (“Climatic Impacts of Wind Powers “, Miller ea.) datt
wann d’USA hire gesamten Elektro-Bedarf duerch Wandanlagen géif decken, dëst zu enger Augmentatioun
vun der Temperatur vun 0,24 Grad Celsius géif féieren, alleng duerch déi Lofterhëtzung déi si veruursaachen.
Kucken mir mol déi sozial Folgen vun der « Klimapolitik » :


D´Belaaschtung vun de Bierger duerch déi héisch Präisser, CO2-Steier, deier energetesch Norme beim
Neibau, ouni ze schwätze vun der ugedrotener Zwangsauswiesslung vun Heizungen op Wärmepompelen asw, féieren zu enger geféierlecher sozialer Noutsituatioun. Ugefeiert get dat duerch Präissdeierecht déi op
Liwwerkettenengpäss, Russlandsanktiounen (speziell och am Energiesecteur) an héich Zënsen zréck ze
féieren ass.


Also : Klimamesuren däerfen net zu ekologeschen an sozialen Noutsituatiounen féieren.
Mir brauchen eng verstänneg Politik déi nieft “Klimaschutz” och den Natur-an Arteschutz net vergësst a firun allem déi SOZIAL Dimensioun : mir wëlle keen Ökomarxismus !

Sonnenkollektor
bottom of page