top of page
Häerzlech Wëllkomm op eiser Säit vun Liberté - Fräiheet !

Ugefaangen huet alles de 9te Juli 2023 wéi e MANIFEST ënnert sengesgläichen zirkuléiert ass.
Dir fannt als «Prolog» vun eisem «Walprogramm» dëst Manifest wat d’Grondzieler an Engagementer vun der
Bewegung définéiert.


Et ass hannert dësen Grondwäerter an Astellungen datt sech déi 60 Leit, déi op eise Lëschten kandidéieren ,a vill Anerer,
déi eis ënnerstëtzen, mat Enthusiasmus a Begeeschterung zesumme fonnt hunn.
Loosst Iech net duerch d’Fragezeichen oflenken : déi “Froen” déi gestallt goufe sinn evidenterweis “rhetoresch” Froen:
dofier heescht et jo och datt mir d’Äntwerte kennen.


Nom Prolog fannt dir a Kapitelen opgedeelt eise Walprogramm. Och do wäert dir gesinn : mir sinn net wéi déi Aner. Dacks gin a Walprogrammer exakt déi Propositioune gemaach déi Interessegruppe liesen wëllen.
Dat ass e reng elektoralistesche Schachzug a fir esou Methoden si mir net ze kréien.
Dofier liest dir awer klipp a kloer wouhin d’Rees mat eis geet ! Anerer hu mol vu Kompassen an gudde Weeër geschwat. Mir
setzen eise moralesche Kompass, eis HALTUNG an den Vierdergrond.

​

Dat heescht awer net, datt mir spéider – als Beweegung an als Fraktioun an der Chamber – ëmmer erëm a gréisster
Transparenz vis-à-vis vun eise Memberen, eise Sympathisanten an Iech als Wieler wäerte bei all eenzelnem
Gesetzesprojet genee définéiere wéi mir eis positionéieren an firwat !


Ëmmer geleet vun eisem Kompass, eiser Haltung : méi Eegeverantwortung, manner Staat, méi Fräiheet, méi
Gerechtegkeet, méi Empathie fir d’Bierger, méi Respekt, Wuelstand duerch fräien Handel, fräie Wueren- an
Geldverkéier. Chancegläichheet ouni Gläichmaacherei, fräien Diskurs duerch fräi Meenungsäusserung asw.
Wa Politik et net fäerdeg bréngt d’Liewen vun de Bierger méi EINFACH a BESSER ze maachen, brauchen mir keng
Politik !
Mir wäerten och déi Fraktioun an der Chamber ginn, déi di meeschte Gesetzesinitiative wäert déposéiere fir déi Froen di
eis all beweegen … a Beweegung ze kréien !


Mat allerbeschte Wënsch fir eis gemeinsam Zukunft,
Är Liberté-Fräiheet!

  • Instagram
  • Facebook
  • TikTok
bottom of page